Manifestation unter dem Motto "Net ouni eis!"

Plakat der Manifestation
Plakat der Manifestation

In Kooperation mit den Organisationen "Wäertvollt Liewen", "ZEFi - Zesumme fir Inklusioun", "Trisomie 21", "OGBL - DTH" und "Autism Awareness Assiciation Luxembourg" organisierte unser Verein eine Manifestion in der Stadt Luxemburg. Sie begann vor der Kathedrale Notre-Dame. Von dort aus marschierte der Protestzug vor die Chambre des Députés um dort mit einer Abschlusskundgebung zu enden.

Luxemburg hat nach den Nationalwahlen eine neue Regierung bekommen. Ziel der Demonstration war es die Politik daran zu erinnern die Interessen der Menschen mit Behinderung nicht zu vergessen. Viele der Versprechen der vergangenen Regierung sind bis heute nicht umgesetzt worden. Es gibt noch grosse Mängel unter anderem in den Bereichen Bildung, Transport, Wohnen oder persönliche Assistenz.

Medien

Über unsere Manfestation wurde auch im Fernsehen berichtet.

RTL Journal 02.12.2023 - "Net ouni eis"- ënnert deem Moto gouf an der Stad manifestéiert

 

Die Rede von Martine Eischen, Präsidentin vun der Associatioun Trisomie 21

Als Associatioun Trisomie 21 si mir lo säit 23 Joer aktiv fir eis anzesetze fir Leit mat enger Behënnerung, spezifesch Leit mat enger Trisomie oder engem mentalen Handicap. An an deenen 23 Joren huet sech vill geännert. Et sinn ëmmer erëm Benevollen an och souguer Leit an de Ministèren, déi ee groussen Engagement gewisen an eng immens Aarbecht geleescht hunn.

Schwätzt mat eis!

Mir hëllefe gäre fir nei Projeten ëmzesetzen. Dat geet fir eis als Benevollen awer net wärend der Aarbechtszäit. Dofir wënsche mir eis och inklusivt Denke säitens den Administratiounen a Reuniounen, an deene mir ganz gäre matschaffen, no de Bürosstonnen.

Schwätzt mat eis!

Motivatioun an Engagement hëlleft schlussendlech näischt, wann net mat de Betraffene geschwat gëtt, iert geplangt, gebaut a geréiert gëtt. Dat gesi mir z.B. all Dag beim Adapto. Do klappt et vir an hannen net. E kënnt ze fréi, e kënnt ze spéit, e kënnt op déi falsch Adress oder e kënnt iwwerhaapt net. D'Leit ginn op deene falsche Plazen erausgelooss - wéi gëschter Owend nach. Mir hu gëschter Owend no engem Member vun eis annerhallef Stonn gesicht, well deen  an der Pampa rausgelooss gi war an der falscher Uertschaft.

Schwätzt mat eis!

Mir wënschen eng Mobilitéit fir Jiddereen. 't ass jo flott, dass se gratis ass, mä w.e.g fir Jiddereen.

Firwat gëtt net direkt all Gebai, wat lo nach geplangt gëtt, accessibel gebaut? All déi Nei Citéen, Residencen, Wunnengen, déi lo solle gebaut ginn, do misst onbedéngt ëmmer dru geduecht gi fir se accessibel ze maachen.

Schwätzt mat eis!

De sougenannten Handicap invisibel ka villes sinn. Dat kann natierlech eng mental Beanträchtegung sinn, mä dat kann awer och eng Beeprothees sinn. 't gi betraffe Leit, déi brauchen ugepassten Toiletten, fir dass se do kënnen eragoen.

Et feelt och u passender Piktogrammbeschëlderung, Brailleschrëft zum Beispill, an ëffentleche Gebaier, Klinicken, Piscinnen, accessibel Internetsäiten. An dann administrativ Formulairen a liichter Sprooch dierfte ville Matmënschen d'Liewe méi einfach maachen.

Schwätzt mat eis!

Mir huelen se do of, wo se stinn, kréien d'Eltere vu Kanner mat spezifesche  Bedierfnesser gesot.

An den Ateliers d'Inclusion gëtt vill gutt Aarbecht gemaach, souwuel vum motivéiertem Encadrement wéi och vun de Leit mat engem Statut. Firwat gëtt et do keng Weider- an Ausbildung? Firwat hält do de Lifelong-Learning op?

Schwätzt mat eis a lauschtert eis w.e.g och mol no!

Net ouni eis, "Nëmme mat Eis"!

Bildergalerie

Hier ein paar Eindrücke von diesem Tag.